Écrit par Steve MACK Dimanche, 23 Octobre 2011 09:13

E Sonndeg ass Weltorganspenderdag: Aktuell stinn hei zu Lëtzebuerg 70 Persounen op der Waardelëscht fir een neit Organ. Prioritär ginn Niere gebraucht. Hannendru kommen d'Liewer an d'Häerz. Vill Patienten hunn d'Chance allerdéngs net, ee neit Organ transplantéiert ze kréien, well se virdru scho gestuerwe sinn. Am Fall vun enger Greffe këmmert sech hei zu Lëtzebuerg Luxtransplant ëm déi ganz Koordinatioun ronderëm de Prelevement an Transplantatioun. Wéi dëse Prozess ofleeft huet d'Corinne Folscheid bei der Associatioun, déi et zanter 1983 gëtt, nogefrot.

 


Mir huelen d'Beispill vun enger Persoun, déi bei engem Accident liewensgeféierlech verwonnt gouf a moies um 11 Auer op der Intensivstatioun vun engem Spidol verscheet. De Gehirdoud gëtt festgehal. An tëscht ass et 12 Auer. Nodeems feststeet dass déi betraffe Persoun Organspender ass, gëtt de Koordinator vu Luxtransplant geruff, deen direkt an déi respektiv Klinik fiert. De José Lopes ass ee vun hinnen an erkläert, datt gekuckt gëtt, ob all d'Ënnersichungen stëmmen. Duerno kommen dann awer nach Analysen an zousätzlech Ënnersichungen dobäi. Huet de Patient en Organspender-Auswäis gëtt sech un Eurotransplant referéiert an ginn d'Unizentren am Ausland ugeruff, fir d'Informatiounen zum Patient an den Organer ze froen. Déi Persoun, déi am compatibelsten ass, kritt dann d'Organer.

An tëscht ass et owes 18 Auer. D'Analyse sinn all ofgeschloss an Eurotransplant huet ee compatibele Receveur fonnt. Ab dem Moment muss de José Lopes de Prelevement vun den Organer coordinéieren. Dat gëtt an där Klinik organiséiert, wou de Patient läit. Deemno wat vun Organer ka gespent ginn, ginn awer och déi auslännesch Kliniken geruff, fir ze assistéieren.

D'Zäit leeft. Et ass 22 Auer owes. De Patient ass lo scho bal 12 Stonne Gehirdoud. Déi medezinesch Equipen si prett. De Prelevement vun den Organer fänkt un. Et kënnt lo op all Minutt un, fir verschidden Organer bleift nämlech net vill Zäit. D'Häerz kann zum Beispill nëmmen an engem Zäitraum vu 5 Stonnen explantéiert a reimplantéiert ginn, bei de Longe sinn et 8 Stonnen a bei der Liewer 12 Stonnen. Just bei de Nieren bleift méi Zäit.

An tëscht ass et 2 Auer an der Nuecht. Déi eenzel Organer leien an enger Killbox a gi lo sou séier wéi méiglech, sief mat Ambulanz, Helikopter oder souguer Fliger an déi respektiv Klinik an d'Ausland transportéiert, wou dee kranke Patient op säin neit Organ waart. Do lafen an tëscht d'Preparative fir déi geplangten Transplantatioun op Héichtouren. Um 6 Auer moies kann d'Operatioun dann ufänken. Wann alles gutt geet, läit den Taux de réussite hautdesdaags no engem Joer bei 90% an no fënnef Joer bei bal 70%.

E Sonndeg ass an der Luxexpo um Kierchbierg ee Spinning Marathon, fir op de Weltorganspenderdag opmierksam ze maachen. Vu moies 10 bis owes 18 Auer fueren Transplantéierter, Net-Transplantéierter a Leit déi op enger Waardelëscht stinn, um Vëlo. 260 Leit hunn sech dëst d'Joer ugemellt. Jidderee kann awer dohi kommen, fir sech iwwer Organspenden ze informéieren.

Um 3. Indoor-Cycling-Marathon, organiséiert vum Gesondheetsministère a Luxtransplant, hu sech iwwregens och eng ganz Partie “Promien” ugemellt, dorënner och de neien Stater Buergermeeschter Xavier Bettel, de Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo, mat dobäi sinn awer och Leit wéi Kim Kirchen, Jeff Strasser, Tessy Scholtes, Daniel da Mota an Désirée Nosbusch.

Source: www.rtl.lu

Plus d'informations: www.dondorganes.lu

Joomla Templates and Joomla Extensions by ZooTemplate.Com